Bis den 31. Mäerz 2021D'Primm fir Vëloen oder Pedelece gëtt verlängert

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg dem DP-Deputéierte Max Hahn op eng parlamentaresch Fro.

D’Subside wieren e grousse Succès: zënter Ufank 2019 wieren 23.000 Demande gestallt ginn.

Déi aktuell Montanten, déi am Kader vum Programm “Neistart Lëtzebuerg” fixéiert goufe gëllen zënter dem 11. Mee an nach bis den 31. Mäerz 2021.

D’Modalitéite vun der Primm, déi no deem Datum wäerte gëllen, déi ginn an de nächsten Méint ausgeschafft, präziséiert d’Ministesch.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Max Hahn

Back to Top
CIM LOGO