Vun e Mëttwoch un ännert d'Opdeelung ronderëm d'Kinnekswiss a verschidde Weeër si fir Foussgänger reservéiert.

Nei Vëlosreegelen am Stater Park / Rep. Nadine Kremer

D'Cycliste kréien en Deel vum Stater Parc zougemaach. Fir d'Vëlosfuerer fält déi direkt Verbindung vum Lampertsbierg op de Boulevard Prince Henri oder d'Avenue Monterey déi aner Säit vum Park ewech.

Opmierksame Passante sinn am Stater Park ronderëm d'Kinnekswiss Ënnerscheeder an der Beschëlderung opgefall. D'Schëlder, déi uweisen, dass Foussgänger a Vëlosfuerer d'Weeër gläichermoossen benotze kënnen, sinn deelweis zougepecht. Um Buedem sinn nei Markéierungen. Verschidde Weeër sinn elo exklusiv fir Foussgänger oder Vëlosfuerer, anerer bleiwe fir jiddereen accessibel.

Fir d'Vëlosfuerer bedeit dat, dass si deelweis ee klengen Ëmwee fuere mussen. Wat soe si zur Aschränkung?

Ech fuere vill an der Stad Vëlo an ech fannen dat eng super Saach. D'Foussgänger wëssen, ob wéi enge Weeër se kënne goen, ouni engem Vëlosfuerer ze begéinen an d'Vëlosfuerer kënne vläicht e bësse méi séier sinn, wa se wëssen, dass se net riskéieren eeler Leit zum Beispill op hirem Trajet ëmzegeheien.

Mir sinn elo de ganzen Zäit duerch Leit do gefuer an dat ass awer e bësse stéierend. Et wier scho gutt, wann et kënnt, mä wann och jidderee sech géif drun halen – d'Foussgänger och iwwregens – mee virun allem d'Vëlosfuerer. Dass da manner Konflikter do sinn, do sinn ech sécher.

Ech fannen et eng gutt Saach, dass et markéiert ass. Da kënnen d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer oppassen, wa se zesummen do um Wee sinn. Awer et wier vläicht besser nach eng separat Vëlospist ze hunn, mä hei ass net esou vill Plaz.

D'Iddi ass d'Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren.

Verschidde Foussgänger erziele vu geféierleche Situatiounen, déi si selwer erlieft hunn:

On marche, on ne les entend pas les vélos électriques. On peut se déplacer de gauche à droite et voilà, cela peut créer des accidents.

Parce qu'il y a beaucoup d'enfants qui viennent se promener avec les parents et c'est dangereux. Surtout les vélos et les trottinettes électriques, ils vont à grande vitesse.

Mat e puer Ausnamen ass de Retour souwuel vun de Foussgänger, wéi och vun de Vëlosfuerer positiv.

Je passe de temps en temps par ce magnifique parc et je n'ai jamais constaté d'accidents, mais si effectivement il y a eu des constats, il faut supprimer les vélos de ce parc.

Ech fannen dat net gutt, well wéi ech nach geschafft hunn, du war och hei de Park zou fir d'Vëlosfuerer an dat war guer net gutt, well do huet ee missen iwwer d'Stäreplaz an duerch de Verkéier.

Ech mengen net, dass et esou geféierlech ass. Zemools wann hei mëttes net esou vill Leit hei laanscht fueren. Ech mengen dat ass net esou eng grouss Gefor.

Je trouve que c'est une très bonne chose, notamment pour moi qui suis en poussette. Je trouve que c'est très bien comme ça: Les cyclistes sont en sécurité et les piétons également.
Wéi déi nei Opdeelung am Stater Park genee ausgesäit, erkläert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op enger Pressekonferenz e Mëttwoch viru Mëtteg.