Kontrovers: D'Vëlosbréck Weimeschhaff-Cents deelt Awunner a Politik
D'Vëlosbréck iwwert d'Neiduerf ass zanter der éischter Iddi 2007 e kontrovers diskutéierte Sujet an der Stater Gemenge-Politik.
Déi eng freeë sech iwwer déi geplangte Passerelle tëscht dem Cents an dem Weimeschhaff, déi aner si strikt dogéint. Enn des Jores sollten d'Aarbechten u sech ufänken. Virun der Quartiers-Reunioun huet d'Anne Wolff de Bols gefillt.
Knapps 2 Woche sinn dës Amateur-Opnamen al, e gudde Kilometer vun der Bréck ewech. 4 Uhu si gebuer. D‘Ëchel mat de charakteristeschen orangen Aen steet ënner Naturschutz an ass de Vugel vum Joer an ënnert Naturschutz. Et gëtt nëmmen nach eng zwanzeg Koppele vun de Vullen am Land.
D‘Thema gouf och vum Interesseverband Neiduerf opgegraff. De Vugel géing duerch d‘Bréck gestéiert ginn. De Verband ass allerdéngs scho déi scho méi laang géint de Projet an där Form.
Tëscht dem Cents an dem Weimeschhaff soll se entstoen: eng 200 laang Vëlosbréck. 200 Meter laang an am Ganze 6 Meter breet. Käschtepunkt alles an allem mëttlerweil 24 Milliounen Euro. Bis 2025 sollt se stoen.
Déi Neiduerfer wëllen awer keng Tonne Stol a Beton iwwert dem Kapp, d'Bréck géif de Quartier verschampeléieren. En Awunner geheit d'Fro op, firwat mat deene Sue kéng Logemente gebaut ginn. De Roger Braun vum Neiduerfer Lokalsyndicat mécht nach eemol och drop opmierksam, dass déi geplangte Bréck d'Neiduerf weder méi attraktiv mécht, nach vill genotzt géing ginn. Um Weimeschhaff kéim een an der Brousse eraus, an et wier nach relativ wäit bis bei d'Geschäfter um Kierchbierg.

Beim Centser Syndikat weist ee sech méi moderat. Et wier een neutral, am Quartier wiere passionéiert Vëlosfuerer, déi sech iwwert déi geplangte Verbindung tëscht de Quartiere freeën, erkläert d'Presidentin Nadine Molitor. Wichteg wier awer, dass d'Déierewuel respektéiert gëtt.
Och beim Déierewuel deelt d'Bréck also Awunner a Politik. E Punkt, deen den Neiduerfer Syndikat scho méi laang kritiséiert, ass deen, dass si keng Etüde gesinn hätten. "Ech fannen et och bedenklech, dass an der Gemeng de Projet votéiert gouf, ouni dass d'Leit d'Etüde gelies hunn", seet de Roger Braun. Hie bezitt sech domat op d'Gemengerotssëtzung vum 13. Dezember 2021, an där déi feelend Etüden direkt vun e puer Parteie kritiséiert goufen.
De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt betount awer, all Etüde wiere well gemaach an och den Uhu wier dora consideréiert ginn. Den Dossier wier Enn Mäerz un de Ministère de l'Environnement weidergeleet ginn, den Accord vum Ministère de l'Intérieur wier do. Et géing näischt géint de Projet schwätzen, dat hätten him seng Servicer matgedeelt. Selwer hätt hien d'Ëmweltetüden net gelies, ma et géing een op déi gefroten Experte vertrauen. Et wier ee positiv, dass de Projet duerchféierbar ass. "Mir liewen an engem Rechtsstaat, a wann do Leit wëlle rechtleche Recours maachen, duerfe si dat maachen."
Rechtlech Schrëtter wëllen déi Neiduerfer effektiv aleede, soe si. Vum Ëmweltministère heescht et, d'Demande fir de Projet Vëlosbréck wier do, ob d'Etüden dobäi wieren, kéint een awer net soen. Vum Dësch ass den Dossier Passerelle also trotz Uhu bis ewell net.
Den Uhu steet europawäit ënnert Naturschutz. De Vugel bréit a Fielsen a geet nuets op d'Juegd. Fir dass d'Vigel Jonker kréien, duerfe si wäerend dem Bréien net gestéiert ginn. En Thema ass och d'Beliichtung vun der Bréck, déi kéint den nuetsaktiven Uhu bei der Juegd stéieren. Säi Liewensraum kéint doduerch ageschränkt ginn, esou d'Kritik.
Neiduerfer Quartiersreunioun
De Neiduerfer INTERESSEVERAIN huet d'Affiche mat der Clausener Uhu-Famill an Optrag ginn a se am Kader vun der Quartiersreunioun opgehaangen.
De Schäfferot hat fir den 1. Juni op déi 5. vu 7 Reuniounen uechter d'Stad invitéiert. Et goung ëm d'Quartiere Kierchbierg, Kiem, Weimeschhaff an Neiduerf. Ee vun de Schwéierpunkten an de Froe vun den Awunner war, nieft Schöttermarjal, den Impakt vun der Vëlosbreck op Mënsch an Natur. Den zoustännege Schäffen huet matgedeelt, et hätt een den 31. Mäerz sämtlech Etüden un den Ëmweltministère geschéckt. Un deem seng Decisioun géif sech gehalen.
