Aktuell kritt ee jo eng Remise vu 7,5 Cents pro Liter Bensinn oder Diesel.

De sougenannten Tankrabatt kéint ëm ee Mount verlängert ginn, déi Propos soll um Dësch leien. Dës Informatioun krut RTL aus gutt informéierte Source confirméiert.

Dës Mesure, déi wéinst där massiver Hausse vun den Energiepräisser an der Tripartite decidéiert gi war, sollt u sech Enn Juli auslafen. RTL-Informatiounen no hätt d'Regierung awer wëlles, den Tankrabatt nach ee Mount weider, also bis Enn August lafen ze loossen. Hannergrond vun där Decisioun wier, dass déi equivalent Mesure an Däitschland och bis Enn August gëllt an ee sech un d'Nopeschland wëllt upassen.

Dëse weidere Mount vum Tankrabatt soll de Staat ronn 15 Milliounen Euro kaschten. Ugangs huet RTL 50.000 Euro gemellt, dëst awer nodréiglech verbessert.

D'Verlängerung soll e Freideg am Regierungsrot proposéiert ginn.

Punktuell Steiererliichterungen, déi d'Finanzministesch Yuriko Backes ewell annoncéiert hat, fléissen iwwerdeems an de Budgetsprojet, deen am Oktober deposéiert gëtt. Gläichzäiteg soll awer och eng Mesure, déi déi Gréng gefuerdert haten, ëmgesat ginn, an zwar soll den Amortissement accéléré op nei gebauten Immobilien, déi duerno verlount ginn, reforméiert ginn.