Déi 1,9 Kilometer vun der "längster Vëlosbréck vun Europa" ginn een Drëttel méi deier wéi geduecht a solle 47,5 Milliounen Euro kaschten.

Well de Budget vum Projet vun der "längster Vëlosbréck vun Europa" elo de Seuil depasséiert, vun deem un d'Chamber hiren Accord muss ginn, huet de Mobilitéitsminister Ufank Oktober e Projet fir e Finanzéierungsgesetz agereecht. De Quartier Esch/Belval soll jo iwwert den neie Vëloexpresswee PC8 mam Zentrum vun der Minettemetropol ugebonne ginn.

Wéi reporter.lu schreift, begrënnt de Ministère d'Hausse vum Budget doduerch, datt wärend den Aarbechten um Vëloswee Imprevuen dobäi komm sinn. Dat ënnert anerem wéinst de geologesche Konditiounen, awer och wéinst der Récksiicht op d'Produktioun vum Stolwierk, laanscht dat en Deel vum Wee verleeft. Donieft klëmmt de Budget fir de Souterrain ënnert de Schinne vum "Arcelor-Mittal"-Wierk op 4,8 Milliounen. An d'Käschte vun der Bréck fir Cyclisten a Foussgänger sinn ëm sechs Milliounen Euro op 32 Milliounen Euro an d'Luucht gaangen.