An 80 Betriber ginn d’Ween ausgestallt. Och sonndes den 29.Januar hunn d’Concessionnairen hir Dieren op. D’Festivalskonditioune gëlle scho vun elo un.

Bal 127.400 Immatrikulatioune goufen zejoert gezielt. Par Rapport zu 2021 ass dëst allerdéngs e Réckgang vun iwwer 7 Prozent.

No un 54.000 Neiween goufen d'lescht Joer kaaft, dovunner eleng iwwer 42.000 Autoen. Vum Rekord vu 55.000 Autoen am Joer 2019 ass een awer wäit ewech.

RTL

D'Constructeuren an d'Concessionnairen hätte vill Suen investéiert, fir sech op d'Elektroween anzestellen. Déi staatlech Hëllef mat der Primm vun 8.000 Euro bleift wichteg a géif de Client iwwerzeegen, fir en Elektroauto ze kafen. Dës Primm gouf elo bis Mäerz 2024 verlängert.

Wat elo d'Motorisatioun vun den Autoen ubelaangt, wär den Diesel am fräie Fall. De Bensinner hätt vill un Terrain gewonnen an och elektresch ugedriwwe Ween erfreeë sech ëmmer méi grousser Beléiftheet.

Wat d'Liwwerzäiten ubelaangt, misst d'Situatioun sech Mëtt des Joers entspanen, sou heescht et bei de Constructeuren. Den Autosfestival dauert vum 23.Januar bis de 04.Februar.

Autofestival: Interview mam Philippe Mersch (Fedamo)
Cliente solle sensibiliséiert ginn, wéi se en Auto finanzéiert kréien.