Den Automobilmarché dréint sou lues wéi scho laang net méi

© RTL-Grafik
Zejoert goufen et bei den Autoen ronn 42.000 nei Immatrikulatiounen. Sou wéineg waren et der fir d'lescht 1999.
Am Verglach mat zejoert ass et eng Baisse vu 5,1%. Schold wiere Covid, Liwwer-Retarden, Inflatioun an Onsécherheet beim Choix vun der Motorisatioun.
Am Joer 2019 goufen et déi meescht Immatrikulatioune vun neien Autoen, dat mat 55.008.

Et gesäit een dann och eng kloer Tendenz zu méi Elektroautoen. Am Joer 2022 war den Taux vun neien Elektroween bei 15,2%, géintiwwer 10,5% am Joer 2021. Bei den Hybridautoen ass et eng liicht Hausse vun 26,3% am Joer 2021 op 28,2% am Joer 2022. Souwuel bei de Bensinner, wéi och beim Diesel sinn d'Zuelen deementspriechend réckleefeg, woubäi d'Bensinner ëmmer nach am Stäerkste vertruede si bei den neien Immatrikulatiounen.

© snca / calcul STATEC
De Statec huet dann och eng Top10 vun den Automarke matgedeelt, déi zejoer am meeschten zu Lëtzebuerg verkaf goufen. Déi Zuele stëmme bal iwwertenee mat deenen, déi d'Febiac fir 2022 verëffentlecht huet. D'Marke sinn op alle Fall identesch, just bei den Immatrikulatioune ginn et liicht Ënnerscheeder bei Mercedes an Audi.
Plaz | Unzuel (Statec) | Unzuel (Febiac) |
1. VOLKSWAGEN | 4964 | 4964 |
2. MERCEDES | 4044 | 4060 |
3. AUDI | 3798 | 3799 |
4. BMW | 3750 | 3750 |
5. PEUGEOT | 3330 | 3330 |
6. SKODA | 1937 | 1937 |
7. OPEL | 1564 | 1564 |
8. RENAULT | 1562 | 1562 |
9. FIAT | 1545 | 1545 |
10. HYUNDAI | 1411 | 1411 |