
Haaptelement am Text si méi streng Strofen, wa wärend der Faart elektronesch Apparater mat Ecran benotzt ginn.
Ma och am Fall vun Drogen a Medikamenter um Steier gëtt méi haart duerchgegraff.
Do kommen Ännerunge beim Depistage. Aktuell sinn Drogen- a Medikamententester bei enger Policekontroll opwänneg, notamment gi Schweess- a Spauttester gemaach, sou den Alain Disiviscour, Conseiller am Mobilitéitsministere.
“An der Praxis war dat komplizéiert. D’Schulunge fir d’Beamte ware ganz zäitopwänneg.”
D’Police hätt op där Plaz Changementer gefrot an déi géifen elo ëmgesat ginn.
An Zukunft kënnen direkt en Urin- oder Blutttest ordonéiert ginn, dat a 4 Fäll:
Dës Tester wieren och vill méi präzis.
Anescht wéi bis elo ass bei Drogen oder toxesche Substanzen an Zukunft och de Retrait immédiat vum Fürerschäin méiglech, sou wéi dat bei der Vitess a beim Alkohol elo schonn de de Fall ass.
Da gesäit dat Gesetz nach bësse méi eng aussergewéinlech Ännerung vir. Et soll ënnerbonne ginn, datt Gefierer bewosst virun e Radar geparkt ginn:
“Et war esou, datt eng Persoun blockéiert hat. Dës ass viru Geriicht fräigesprach ginn, well et keng Strofdot war. Et däerf een e Radar net futti maachen, mä seng Aarbecht blockéieren. Dat war bis elo net virgesinn.”
Dat gëtt also an Zukunft sanktionéiert.
Dat neit Gesetz gesäit dann och nach eng Partie Ännerungen a punkto Plackennummere vir.
Den Detail gëtt et do am drëtten Deel vun eiser Serie um Donneschdeg.