Ännerungen am Code de la Route (1)Wat ännert beim Gebrauch vum Smartphone um Steier?

Pit Everling
Nieft de Facteure Vitess an Alkohol ass och ëmmer méi dacks den Handy Ursaach fir Verkéiersaccidenter.

Mam Smartphone hannert dem Steier hantéieren, ass tabu, rappelléiert de Mobilitéitsministere. Mam Gesetzprojet 7985 gëtt den neiste Plang fir Verkéierssécherheet ëmgesat an déi Mesure, déi am meeschten erausstécht, betrëfft Apparater mat Ecran, wéi eben de Smartphone.

Wat ännert beim Gebrauch vum Smartphone um Steier?

Geste wéi telefonéieren, Message schreiwen an am Internet surfen, gehéiere bei net wéinege Chaufferen zum Alldag. Op de Lëtzebuerger Stroosse gi ronn 10 % vun de verluerene Punkten op de Gebrauch vum Handy zeréck.

Eng franséisch Etüd géing soen, datt de portabelen Telefon um Steier de Risk vun engem Accident verdräifache géing, sou de Lëtzebuerger Mobilitéitsministere, deen d’Strofe fir de Gebrauch vum Handy um Telefon elo verschäerft. “Den Avertissement taxé geet vun 145 op 250 Euro erop an et sinn net méi 2, mä an Zukunft 4 Punkten”, erkläert den Alain Disiviscour, Conseiller am Mobilitéitsministere.

Nei ass, datt dat Verbuet, fir sou en Apparat am Grapp ze hunn, och gëllt, wann den Auto op der Voie publique stall hält oder steet: “Virdru konnt een den Handy am Stau oder bei enger der rouder Luucht benotzen. Firwat geet dat elo net méi? Ma, well d’Welt weider dréit, wann dir op der Luucht stitt, zum Beispill geet e Foussgänger iwwer d’Strooss”, heescht et vum Alain Disiviscour.

Eng Ausnam gëtt et fir eng Situatioun, an där geparkt gëtt. Wat net geet ass, datt den Handy op engem fixe Support manipuléiert gëtt. Op sou engem däerf de Smartphone zwar als Navigatiounsapparat benotzt ginn, allerdéngs muss een d’Adress virun der Faart aginn. Fir de Rescht däerf de Smartphone mam Infotainment-System vum Auto connectéiert ginn an dann och iwwert dëse bedéngt ginn.

Da gëtt et och eng Prezisioun a punkto Motorrieder: “E Kommunikatiounssystem muss am Helm integréiert ginn oder fachgerecht dru befestegt ginn. Wann dat net de Fall ass, kann een de selwechten Avertissement taxé kréien”

Deen een oder aner stellt sech d’Fro vun der Kontroll vun dëser Dispositioun. U sech géing ee fir d’Polizisten eng gewëss Kloerheet schafen, seet den Alain Disivicourt an d’Police wier bei der Ausschaffung mat derbäi gewiescht, sou de Ministère: “D’Kontrolle sinn natierlech personal-intensiv. Do musse vill Beamten am Spill sinn, fir entweder mat Spektiven ze kucken oder an Zivil ze kontrolléieren.”

Déi aktuell Radaren erkennen de Gebrauch vum Handy iwwregens net. De Ministère war rezent speziell Geräter an Holland kucken. Dës kënnen am Moment awer net geliwwert ginn.

Beim Strofkatalog a punkto Alkohol a Vitesse gëtt et mam neie Gesetz iwwregens keng gréisser Changementer.

Back to Top
CIM LOGO