
D’Yuriko Backes huet deemno decidéiert, datt d’Bussen elo mol nach weider fueren. Eng 800 Salariéë wieren der Gewerkschaft no concernéiert.
D’Buslinne fir Sitte wéi Goodyear, ArcelorMittal, de CFL-Multimodal ware vun der Suppressioun viséiert, dat aus Käschtegrënn.
Den LCGB ënnersträicht, datt ee prett wier zesumme mam Ministère no enger Léisung am Interessi vun de Salariéen ze sichen.