Zu Rodange, Miersch an Ettelbréck ginn d'CFL-Garë renovéiert. Eng ganz Partie Aarbechte goufen déi leschte Joren do duerchgefouert.

Quaie goufe verlängert an iwwerdeckt, grouss Parkhaiser goufe gebaut.

2018 respektiv 2019 hunn d'Aarbechten un de Gare vu Miersch an Ettelbréck ugefaangen. D'CFL hunn och nach weider Pläng: sou zum Beispill zu Hollerech an ë.a. Waasserbëlleg.

Wärend der Ouschtervakanz ginn et allerdéngs och Aarbechten. Sou fiert vun Ettelbréck aus keen Zuch Richtung Belsch, also Gouvy a weider. Dat selwecht gëllt fir d'Linn Richtung Klengbetten an Arel. Hei ginn Ersatzbusser agesat. Méi Informatioune fënnt een op www.cfl.lu.