
Vun e Samschdeg de Moie 7 Auer u bis e Méindeg de Moie 5 Auer bleift d'Streck tëscht dem Waldhaff a Gonnereng zou.
Eng Deviatioun leeft iwwer Iernster, Rammeldang an Hueschtert.
D'Buslinne (wéi 201, 211 an 222) fueren iwwert eng geännert Streck via Waldhaff, den CR126, Rammeldang an Iernster. Den Arrêt Gonnereng-Am Duerf gëtt wärend den Aarbechten duerch den Arrêt Schoul ersat.