
Dräi Véierel vun den Deplacementer, déi d'Leit zu Lëtzebuerg maache sinn net am Kontext vun der Aarbecht. Dat ass ee vun de Resultater vun der Luxmobil-2025-Etüd, déi en Donneschdeg am Mobilitéitsministère presentéiert gouf. Bei kuerzen Distanzen ënnert engem Kilometer ginn d'Leit gréisstendeels ze Fouss, alles iwwert engem Kilometer dominéiert awer nach ëmmer kloer den Auto.
77% vun de Lëtzebuerger Residente soten, se wieren zefridden, wat hiert Deplacement vun doheem op d'Aarbecht ugeet. Bei de Residenten ass dee Pourcentage manner héich. Bei de Leit déi aus Däitschland op Lëtzebuerg schaffe kommen läit den Taux vun der Satisfaktioun bei 56%, bei de Belsch bei 55% a bei de Fransouse just bei 43%. Lëtzebuerger Residente sinn iwwerdeems an der Moyenne 1 Stonn a 44 Minutten den Dag ënnerwee, fir sech ze deplacéieren. Och do leien d'Zuele bei de Frontalieren e gutt Stéck méi héich. Bei de Belsch an Däitschen sinn et ronn 2 Stonnen an 20 Minutten, bei de Fransousen och gutt 2 Stonnen.