De Contournement zu Dippech-Gare steet Knéi-héich am Bulli
De Projet soll Enn 2025 ofgeschloss ginn, ma aktuell kämpfen d'Leit um Chantier mam ville Reen a Waasser.
Wie virun der Barrière zu Dippech-Gare steet, dee muss nawell Gedold matbréngen, ier et iwwer d'Gleiser geet. Fir de Problem ze ëmgoen, deen zanter Jore bekannt ass, gëtt zanter engem gudde Joer un engem Contournement gebaut.
Zanter Oktober 2023 steet de Schantjen zu Dippech-Gare am Bulli. Wat dat fir Erausfuerderunge mat sech bréngt, erkläert de Laurent Wolter vu Ponts et Chaussées:
"Momentan konzentréiere mer ons e bëssi ob déi Aarbecht vum Bëtong. Bëtong kann och gegoss ginn, wann et reent, mä alles, wat d'Entwässerunge betrëfft vum Chantier, déi wäerte mer bëssi no hanne réckelen. Déi gi gemaach, wann et méi dréchen ass."
Dës Aarbechte si mëttlerweil ofgeschloss, mä trotzdeem tauchen ëmmer erëm nei onerwaart Etappen op, déi de Schantjen ausbremsen.
"Déi nächst Etapp wär elo fir d'Ramplie lénks a riets. Déi kënnen net direkt stattfannen, well mer ob där enger Säit nach archeologesch Sondagen amgaangen hunn, déi bis Juni wäerten daueren."
Donieft gëtt den Ament och un enger Deviatioun vun der Baach geschafft. Dës fléisst direkt hannert der Dippecher Gare zu Dippech-Gare a Richtung Reckeng.
"An deem heiten Eck si mer amgaangen, déi hydraulesch Ouvragen ze bauen. Dat sinn déi Ouvragen, déi néideg sinn, fir d'Baach ze deviéieren. A fir dat Waasser vun de Felder ronderëm ze sammelen a weiderzeleeden."
Puer meter nërdlech a Richtung Dippech, gëtt den Ament un engem ganz aneren Deel vum Contournement gebaut:
"Mir befannen eis hei an der Tranchée couverte, eisem gréissten Ouvrage vun deem ganze Projet Dippech-Gare. Hei si mer amgaangen, de Buedem erauszeterrasséieren. (...) Insgesamt mussen 20.000 Kubikmeter Buedem erausgeholl ginn, fir dono rëm am Projet ob enger anerer Plaz agebaut ze ginn. Iwwert dem Ouvrage wäert dann de Rond-point stoen. Dat ass d'Verbindungsstrooss tëschent der aler N13 an dem CR103."

De Contournement soll 2,2 Kilometer laang an Enn 2025 fäerdeg ginn. De Budget dofir läit bei ronn 30 Milliounen Euro. Donieft ass awer och fir d'Dräikantonsstrooss a Richtung Dippech-Gare eng Verännerung virgesinn, "well déi ass herno zou. Et ass eng Sakgaass, vun deene béide Säiten aus hir gesi. An och do plange mer de Réckbau schonn."
Wéi d'Streck an Zukunft wäert genotzt ginn, ass den Ament net kloer. Am Summer sollen éischt Pläng dofir um Dësch leien.