Fir d'N11 gëtt et zanter Laangem grouss Pläng, mee se sinn nach ëmmer am Stadium vun der Etüd. An eng Busspuer um Wupp vun der A7 dierft schwiereg ginn.

Enn 2018 kéint ee mat den Aarbechte fir eng Busspuer vu Gonnereng op de Waldhaff ufänken – housch et an engem RTL-Reportage am Juli 2017. Dat war deemools eng Grëtz ze optimistesch geduecht, well ronn 6 Joer méi spéit gëtt et déi Spuer nach ëmmer net a vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten heescht et:

Well de Projet vun der Busspuer op der N11 eng Rei Schutzgebidder duerchleeft respektiv touchéiert, ass en autorisatiounstechnesch komplex. D’Nationalstrooss N11 tëscht dem Echangeur Waldhaff mat der Autobunn A7 an der Uertschaft Gonnereng duerchleeft notamment d’Habitats Natura 2000 Zone vum Gréngewald a grenzt un d’Natura 2000 – Directive Oiseaux – Zone de protection spéciale ZPS vun der Regioun Jonglënster. Ausserdeem verleeft d’N11 duerch Waasserschutzzonen a grenzt un d’Zones protégées d’intérêt national ZPIN Laangmuer a Gréngewald.

Et ass also komplizéiert, och wann den deemolege Minister François Bausch 2017 gemengt hat, et missten net vill Beem verschwannen an et wier jo och net esou, datt een ni e Bam kéint ewechhuelen. Eng Busspuer wier op alle Fall am Interessi vun der Ëmwelt.

"Richteg Léisung nach net fonnt"

Komplizéiert ass och eng Äntwert op d'Fro, wéi et mat enger eventueller Busspuer um Echangeur Waldhaff soll weidergoen: eng Busspuer um Enn vun der A7? Ëmmerhin ass um Wupp vun der Nordstrooss esou gutt ewéi all Moie Stau, an der Reegel Réckstau vun der A1 Richtung Stad, esou datt ee Problemer huet, op Tréierer Autobunn oder op de Kierchbierg ze kommen an dat ganz onofhängeg dovun, ob een am Auto sëtzt oder am Bus. Wier eng Busspuer op der Autobunn a Richtung Stad eng Léisung? De Ministère wëll sech an dëser Fro nach net festleeën a verweist op weider Studien:

D’Stroossebauverwaltung ass sech dëser Thematik bewosst. Esou goufen op dëser Plaz och schonns Iwwerleeungen an Etudë gemaach, fir dës Situatioun moies an den Haaptverkéierszäite besser ze reguléieren. Déi richteg Léisung gouf bis ewell awer nach net fonnt.

RTL

Am Schiet vum Bus: déi eidel Pannespuer am Moiestrafic op der A7. Fir eng richteg Spuer draus ze maachen, ass se aktuell net ausgeluecht.

Wien all Moien um Wupp vun der A7 am Stau steet, huet genuch Zäit, d'Pannespuer ze bewonneren, déi laanscht béid Spuere geet an Dag fir Dag eidel ass, well esou dacks bleiwen – zum Gléck – jo keng Gefierer leien. Do drängt sech natierlech d'Fro op, ob een aus der Pannespuer keng Busspuer kéint maachen; deemno wéi och just zäiteweis, an der Rushhour zum Beispill, och wann een da wuel déi metalle Gelänneren an déi bëtons Leitplanken op der Säit misst no bausse réckelen, fir d'Spuer méi breet ze maachen. D'Fro also un de Mobilitéitsministère, ob et theoreetesch méiglech wier, d’Pannespuer als zousätzlech Spuer oder Busspuer ze gebrauchen?

Eendeiteg Äntwert: Nee, de Gabarit vun dësem Stroossesegment léisst dës Konfiguratioun a senger aktueller Form net zou.

Iwwer d'Strooss an duerch d'Beem

Et gëtt awer net nëmmen Iwwerleeunge fir den ëffentlechen Transport fir d'N11, mee och fir déi duuss Mobilitéit. E Vëloswee war jo geplangt, deen d'Iechternacher Streck tëscht Gonnereng an dem Waldhaff mat enger Bréck sollt kräizen. Ëffentlech gouf déi Iddi Ufank 2022.

RTL

Bléck aus dem Bus: Op Héicht vum Depot vu P. & Ch. soll spéider emol eng Passerell resp. e Baumwipfelpfad d'N11 kräizen.

De Ministère confirméiert, datt se nach ëmmer aktuell ass an datt een d'Méiglechkeet vun enger Passerell fir d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer iwwer d'N11 studéiert. Konkreet géif iwwer eng Zort "Baumwipfelpfad" nogeduecht ginn; wéi dee kéint ausgesinn a bis wéini dee kéint realiséiert ginn, kéint een den Ament awer nach net soen:

Well mir nach um Level vun enger Machbarkeetsetüd sinn, kënne mir [...] leider keng Visueller schécken, well de Projet warscheinlech nach optesch evoluéiert. Och kann am Moment keen Datum genannt ginn, wéini d'Aarbechte lass ginn respektiv d'Passerelle realiséiert ass.

D'Passerell respektiv d'Bréck duerch d'Beemkroune soll d'N11 op der Héicht vum Depot vun der Stroossebauverwaltung, also bei der Strooss a Richtung Iernster, kräizen:

Dës Passerell ass geduecht, fir alle Persounen ee gesécherten Iwwergang vun der Nationalstrooss N11 ze erméiglechen. Dat heescht, datt dës Passerell nawell op de Besoin vum Vëlo ausgeluecht ass, mee awer och vu Wanderer a Leefer gläichermoossen genotzt ka ginn. D'Plaz gouf deemno erausgesicht, fir de Foussgänger*innen an d'Vëlosfuerer*innen et ze erméiglechen, de Wee op der anerer Säit vun der N11 méiglechst sécher ze erreechen.

RTL

Kritt wuel en neit Gesiicht: d'Haaptkräizung am Zentrum vu Jonglënster. Déi genee Pläng dofir sinn awer nach net public.

E weideren – potenziellen – Schantjen op der Streck vun der Stad op Iechternach gëtt et zu Jonglënster. Hei geet et awer éischter ëm déi al N11, déi matten duerch d'Duerf gaangen ass an op där zanter der Ouverture vum Lënster Contournement am September 2015 vill manner lass ass. Zanter där Zäit, also ëmmerhi scho bal 9 Joer laang, gëtt dann och ewell iwwer e Réckbau vun der aler N11 am Duerf nogeduecht.

Lënster: Verkéiersberouegunge geplangt

2022 hu sech och zwee Workshoppe mat der Gestaltung vun der neier Lënster Plaz, wou haut d'Busgare ass, als Ofschloss vum Projet JongMëtt befaasst. Am Mee 2023 goufen d'Resultater dovu presentéiert an déi hunn natierlech och d'Haaptstrooss betraff. De Ministère léisst wëssen, datt ee mat der Gemeng a Kontakt steet an datt een de Foussgänger an de Vëlosfuerer méi Plaz wëll zougestoen:

Et gëtt un engem Projet vun engem Reamenagement vun der aler N11 → CR121A an der Traversée vu Jonglënster studéiert, dëst och a Récksprooch a Zesummenaarbecht mat der Gemeng. Dëse Reamenagement beinhalt, ënnert anerem, och eng Ëmverdeelung vum Stroosseraum zu Gonschte vum Foussgänger*in a Vëlo, Verkéiersberouegungen (duerch baulech Elementer) respektiv eng Zone 30. Aktuell huet d‘Stroossebauverwaltung e reviséierten detailléierte Virprojet ausgeschafft, deen de Wënsch vun der Gemeng Rechnung dréit.

RTL

Gedold gefuerdert: Eng Partie Projete fir d'N11/d'E29 si scho méi laang an der Maach, awer nach net prett, fir am Detail presentéiert ze ginn.

Am Reportage vun 2017 sot d'RTL-Journalistin Monique Kater, op der Iechternacher Streck bräicht een heiansdo Nerven ewéi Tramsschinnen. Wat d'Projeten ugeet, déi dës Nerve kéinte schounen, ass eng gutt Portioun Gedold och net vu Muttwëll...