Eng Busspur vu Gonnereng an d'Stad?
Jiddereen, dee moies iwwer d'Iechternacher Strooss an d'Stad schaffe fiert, ass op de kilometerlaange Stau preparéiert, deen alt scho bei Gonnereng ufänkt.
Dat soll sech mam Ëmbau vun der Kräizung Waldhaff änneren. D'Pläng fir déi zukünfteg Luuchtekräizung si scho méi laang gezeechent, mussen elo awer wahrscheinlech geännert ginn: an dat well Ministère a Ponts et Chaussées iwwer eng Busspuer nodenken.
D'Leit wëll een an de Bus kréien, e Park and Ride hätt ee jo zu Lënster, heimatter wier den Osten anstänneg zervéiert, dat hei op kee Fall eng Aktioun fir den Auto, mee eng fir d'Ëmwelt. Géint d'Ofgasen a géint d'Beem? Deels 3 an en hallwe Meter méi Makadamm bräicht een op de Säiten fir dës Strooss.
D'Iddi vun der Busspur huet mat der geplangter neier Kräizung um Waldhaff ze dinn. Do, wou ee vum Sennengerbierg respektiv Stafelter op d'Iechternacher Strooss kënnt. Déi Kräizung soll jo den Trafic besser lafe loossen.
Mee ob een de Wee vun 2 Busspuren riets oder lénks oder der just enger an der Mëtt geet, ass nach net kloer. De Stau ass jo besonnesch moies an déi eng, owes an déi aner Richtung.

© RTL Télé Lëtzebuerg
Geet dat hei op alle Fall esou wéi ugeduecht, et waart ee wéi et schéngt fir Enn vum Joer nach op eng Etude, kéint een déi kleng Strooss, déi wann ee vun Dummeldeng kënnt, lénks Richtung Stafelter geet, zoumaachen. Provisoresch fir e Joer emol, a fir de sensibele Gréngewald, fir dat ze kompenséieren, wat d'Nordstrooss em gedoen huet.
Net dëse Summer, mee deen drop kéint ee mat der Kräizung ufänken. Enn 2018 wier dann d'Busspur vu Gonnereng bis Opfaart Kierchbierg
E Reportage vum Monique Kater