Mat grousser Pëtz klenggemaachDéi al Hammerel-Bréck zu Beetebuerg ass Geschicht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend goufen déi lescht 600 Tonnen vun der Bréck mat enger schwéierer Maschinn deplacéiert. 
© Christophe Hochard / RTL

Dëse leschten Deel gouf elo am Laf vum Sonndegmoien kuerz a kleng geschloen. Dëst ass mat enger riseg grousser Pëtz geschitt, déi un engem Bagger festgemaach war. Als “ewechpëtzen” gëtt dëse Virgang bezeechent. Dës Aarbechten hu ronn aacht Stonne gedauert.

Déi al Hammerel-Bréck zu Beetebuerg ass Geschicht
E Samschdeg den Owend goufen déi lescht 600 Tonnen vun der Bréck mat enger schwéierer Maschinn deplacéiert.

Geplangt ass dann en éischte klengen Deel vun der neier Bréck an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg op seng nei Plaz ze bréngen.

RTL-News: Beetebuerg seet der Hammerel-Bréck Äddi

Back to Top
CIM LOGO