Vill Leit hu sech um Mëttwochowend Rendez-vous zu Beetebuerg ginn. Si hu sech ugekuckt, wéi déi nei Bréck op hir Plaz gedréckt gouf.

Um 22 Auer huet dat Ganzt ugefaangen. Et ass ee laange Prozess, wou vill Gedold a Fangerspëtzegefill verlaangt ass, fir d'Bréck ze beweegen. Och um Donneschdeg geet et also mat der Placéierung vun der neier Bréck weider. Déi néi Hammerel-Bréck ersetzt jo déi al, déi no 50 Joer ofgerappt gouf.

Den Ament ass d'Zuchstreck tëscht Diddenuewen an der Haaptstad komplett gespaart. Ersatzbusser fuerdere vill Gedold vun de Passagéier. D'Streck wäert nach déi nächst dräi Joer e Chantier bleiwen.