Den Ament ass d'Zuchstreck tëscht Diddenuewen an der Haaptstad komplett gespaart. Ersatzbusser fuerdere vill Gedold vun de Passagéier.

Den Zuchtrafic aus Richtung Frankräich iwwer Beetebuerg an d’Stad rullt den Ament net. Grond dofir sinn ënner anerem d’Aarbechte ronderëm d’Beetebuerger Gare an de Pont Hammerel, deen e Mëttwoch den Owend op seng nei Plaz geréckelt gouf. Ma net just do. Bis 2027 entsteet eng komplett nei Zuchlinn tëscht Beetebuerg an der Haaptstad, déi de Schinneverkéier aus dem Süden entlaaschte soll.

Bei den CFL wollt ee wuel weisen, wisou den Ament fir vill Leit aus dem Süde vum Land op de Schinnen näischt leeft, oder dass, obwuel keng Zich fueren, vill op de Schinne geschafft gëtt. Nach virum Kollektiv-Congé, mä och wärend dësem géing op eenzele Chantiere weider geschafft ginn. "Ech mengen, mir notzen déi Zäit, fir déi Saachen ze maachen, déi am Summer beim gudde Wieder am beschte kënne gemaach ginn", ënnersträicht den CFL-Infrastrukturdirekter Henri Werdel.

Nach dräi Joer bleift d'Zuchstreck Beetebuerg-Stad e Chantier / Reportage Diana Hoffmann

Tëscht Beetebuerg an der Haaptstad entsteet eng nei Zuchstreck. Siwe Kilometer wäert se laang sinn. De Gesamtprojet kascht 407 Milliounen Euro. Déi aktuell Zuchstreck Beetebuerg-Lëtzebuerg ass mat 100 Zich pro Dag un hirer Kapazitéitsgrenz ukomm. Esouwuel Zich, déi aus dem Minett vun Esch kommen, wéi och Regionalzich an TGVen, déi vu Metz iwwer Thionville kommen, fueren iwwer d'Beetebuerger Streck op d'Stater Gare. "Dat sinn zwou Zorten Zich, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn, an dofir gëtt eng nei Streck gebaut, fir déi zwee Trafice vuneneen ze trennen", betount den Henri Werdel.

Fir dass eng bidirektional Zuchlinn weider duerch d’Gare vu Beetebuerg an déi vum Houwald ka féieren, mussen dës ausgebaut ginn. Do wäerten dann zu engem spéideren Ament Zich vu bis zu 250 Meter Längt kënnen halen. Dës hunn eng Kapazitéit vun 1.000 Sëtzplazen. 10 Zich pro Richtung a Stonn sollen dann op der Streck kënne fueren. Ma dës Augmentatioun wäert nach musse mat der franséischer Zuchgesellschaft SNCF ofgeschwat ginn.

Fir d’Frontalieren aus Richtung Metz/Thionville wäert sech an der Reeszäit, am Verglach zu de wéinegen Direktzich haut, awer net vill änneren. Zwar kann den Zuch op engem klengen Abschnitt mat bis zu 160 Stonnekilometer fueren, ma et wiere schliisslech just 7 Kilometer, déi nei sinn. "Wat et wäert bréngen ass, dass d’Pünktlechkeet besser gëtt, well den Trafic vunenee getrennt gëtt", seet den Henri Werdel.

Chantier bis 2027

Ma den Ament kléngt dat Ganzt nach no Zukunftsmusek. Bis 2027 wäert et nach daueren, bis d’Neibaustreck fäerdeg ass. Bis dohinner mussen d’Passagéier nach mat sou munchen Onannehmlechkeete rechnen. Wéinst den Aarbechte fir eng nei Bréck iwwer d’Gare vu Beetebuerg ass déi komplett Zuchlinn vun Thionville bis an d’Haaptstad nach bis Mëtt August (11. August 2024) zou. Dono kann d’Gare Beetebuerg zwar nees bedéngt ginn, mee wéinst weideren Aarbechte bleift d’Streck tëscht Beetebuerg an der Haaptstad nach bis Mëtt September (15. September 2024) ënnerbrach.

An den nächste Jore wäerten d’Zuchpassagéier vun dëser Streck dann och net verschount bleiwen. "Mir hunn e Barrage Ouschteren 2025, een am Summer 2025, dann nach een am Summer 2026 an een am Summer 2027. An da si mer fäerdeg", seet de Rui Raimundo, Chef vum Projet bei der CFL. Eréischt da wäert och d’Vëlospist, déi vu Beetebuerg bis op d’Stater Gare verleeft, komplett fäerdeg sinn.