Projet vun 73 Milliounen EuroD'Transversale vu Clierf goung um Méindeg fir den Trafic op

Marc Hoscheid
No knapp 10 Joer Bauzäit goung d'N90, och nach Transversale vu Clierf genannt, dëse Méindeg géint 17 Auer komplett fir den Trafic op.
© Cédric Lanners / RTL

D’Strooss verbënnt d’N18 mat der N7. Si soll Clierf virun allem vun deene Camionen entlaaschten, déi vun der N7 erfort an d’Zone industrielle Lenzweiler fueren.

Bei Ponts et chaussées geet een dervun aus, datt am Ganzen 10.000 Gefierer den Dag iwwert d’Transversale fuere wäerten. Zanter zwee Joer kënnen d’Automobiliste jo scho vum Rond-point Maarnech op de Rond-point Reiler fueren. Vun dësem Méindeg u goung dann nach d’Streck tëscht Reiler an dem Kreesverkéier an der nërdlecher Entrée vu Clierf op.

De Projet gouf ee gudde Krack méi deier wéi am Ufank gemengt. Amplaz 36 Milliounen Euro huet déi 3,7 Kilometer laang Strooss um Enn 73 Milliounen Euro kascht.

Archivfoto
Archivfoto
© RTL Archiv

No knapp zéng Joer Bauzäit: Transversale Clierf ass op der Ligne droite (27.1.24)

Back to Top
CIM LOGO