Am September 2014 hunn déi éischt Virbereedungsaarbechte fir de Bau vum Contournement ugefaangen. Dëst Joer soll se endlech opgoen.

An zwar, fir genee ze sinn, am Juni. Do ass de Marc Ries, Chef de division vu Ponts et chaussées Dikrech, formell. Dat obwuel een duerch déi wanterlech Konditiounen an der Läscht réischt dës Woch rëm mat den Aarbechte weiderfuere konnt. Zanter Juni 2022 ass deen éischten Deel vun der Transversale, deen de Rond-point zu Maarnech mat deem tëscht Reiler an Ischpelt verbënnt, op. Ma réischt duerch d'Opmaache vum 1,7 Kilometer laange Stéck tëscht Reiler an der Entrée vu Clierf wäert d'Abteistiedche wierklech entlaascht ginn.

No knapp zéng Joer Bauzäit: Transversale Clierf ass op der Ligne droite
Am September 2014 hunn déi éischt Virbereedungsaarbechten fir de Bau vum Contournement ugefaangen. Dëst Joer soll se endlech opgoen
Transversale Clierf geet am Juni op (Reportage Marc Hoscheid)

"Also mir hunn déi Verbindung jo lo gebaut, fir d'N12 vum Antoniushaff dann och mat der N7 ze verbannen. Fir datt mer och eng direkt Ubannung hu vun der Zone industrielle zu Lenzweiler. Déi ass jo momentan net ganz gutt ugeschloss. Mir rechnen dermat, datt mer hei bis zu 10.000 Gefierer den Dag op där Strooss wäerten hunn an domat och Clierf definitiv wäerten entlaaschten. Datt Clierf sech als Stad ganz anescht entwéckele kann."

Datt de Bau vun der Strooss um Enn ronn zéng Joer wäert gedauert hunn, hätt e puer Grënn.

"Do hate mer eng Kéier ee Joer laang, wou mer net konnte schaffen. Do hate mer eng Geriichtsaffär, do hunn d'Geriichter mussen tranchéieren an déi Decisioun huet mussen ofgewaart ginn éiert d'Aarbechte konnte weidergoen. Dat sinn ebe Contrainten, déi ee bei sou engem grousse Projet huet. Natierlech hate mer och Wanteren, wou mer net kënne schaffen, och wa kee Schnéi läit, wa Frascht ass, da kann ee kee Bëtong  maachen a sou weider. Deem muss een alles Rechnung droen. Da sinn och Perioden, do muss ee sech mat der Eisebunn ofschwätzen, datt ee verschidden Aarbechten iwwert der Eisebunn maache kann, wann den Zuch net fiert."

Mat enger Längt vun 265 Meter an enger duerchschnëttlecher Héicht vun 30 Meter ass de Viaduc Irbich dat gréisste Bauwierk vun der Transversale. Nach net fäerdeg sinn déi 85 Meter laang Bréck iwwert den Olegrëndchen an een 155 Meter laange Viaduc iwwer d'Clierf. Am Kader vun den Aarbechte war d'Flossbett verréckelt an renaturaliséiert ginn.

 

D'Transversale wäert iwwerdeems net just den Autofuerer d'Liewe méi einfach maachen, mee och der doucer Mobilitéit, virop dem Vëlo, nei Perspektive bidden.

"An da geet hei laanscht d'PC7b, wéi mir se dann nennen, déi fiert der Transversale no bis op Clierf, da kënnt een ebe vu Maarnech mam Vëlo bis erof op Klierf. An hei fënnt een dann den Uschloss un d'PC21, déi och schonn dëse Summer zum Deel op war an déi am Summer 2024 wäert definitiv opgoen. Dat ass d'Verbindung un d'Vennbahn, wou een da vun hei aus bis an Holland kënnt."

 

Iwwert dem Rond-point op der N7 zu Maarnech entsteet zudeem eng Bréck, déi nieft landwirtschaftleche Maschinnen och Cyclisten notze kënnen. Doduerch musse si d'Transversale net kräizen.

Net wäit vu Clierf ewech läit d'Industriezone Eeselbuer-Lenzweiler, déi vill Camionen unzitt. Hei soll den Zougank méi sécher gemaach ginn.

"Mir hu lo op alle grousse Kräizungen op der N18 Rond-pointe gebaut. Deen eenzegen, deen eis lo nach feelt, ass deen zu Lenzweiler, fir de Raccord ze maachen un d'Zone industrielle. Mir wëllen d'Situatioun do verbesseren, an do ass fir d'nächst Joer ugeduecht, wann alles gutt geet, fir do mat den Aarbechten unzefänken, fir och do ee Rond-point ze bauen."

Wat d'Käschte vum Contournement ugeet, hat een déi am Ufank op 36 Milliounen Euro geschat. Wéinst den Hausse bei de Baupräisser goung déi Zomm awer bei Wäitem net duer. An engem Finanzéierungsgesetz aus dem Joer 2018 goufen 73 Milliounen Euro festgeschriwwen. De Marc Ries geet dann och dervun aus, datt dee Montant duergeet.