Vente vum Diesel ass 2023 nees zeréckgaangen
De Verkaf vum Diesel ass d'lescht Joer fir dat véiert Joer hannerteneen zréckgaangen, ëm 6 Prozent par rapport zu 2022.
Bensinn gouf gutt 12 Prozent méi verkaf. De Groupement fir d’Mobilitéitsenergie, fréiere Groupement pétrolier, huet e Méindeg de Moie Bilan gezu vun den Entwécklungen um Marché. D’Emissiounen am Secteur wieren ëm 40 Prozent par rapport zu 2005 zréckgaangen, woumat een um gudde Wee wier, fir d’Klimaziler bis 2030 z’erreechen.
De Réckgang beim Diesel léich virun allem dorun, datt manner Camionen hei géingen tanken, sou de Generalsekretär vum Mobilitéitsenergie-Gruppement Jean-Marc Zahlen.
"Dës Reduzéierung ass haaptsächlech dorobber zréckzeféieren, datt a verschidden anere Länner den Dieselpräis fir de Schwéiertransport méi bëlleg ass wéi zu Lëtzebuerg, bedéngt do doduerch, datt bei eis d'Accisen erhéicht goufen am Joer 2019, respektiv eng CO2-Taxe agefouert gouf an och säit 2021 all Joers erhéicht gouf."
Op den Autobunnstankstelle wier de Verkaf vun Diesel fir de Schwéiertransport zanter 2018 ëm 60 Prozent zréckgaangen. D’Emissiounen am Secteur wieren ëm 40 Prozent par rapport zu 2005 zréckgaangen, woumat een um gudde Wee wier, fir d’Klimaziler bis 2030 z’erreechen. Allerdéngs géingen d'Emissiounen op eng aner Plaz "delokaliséiert" ginn, well d'Camionen ëmmer nach anzwuersch anescht tanken, kritiséiert den neie President vum Groupement vun de Mobilitéitsenergien Eric Bleyer.
"Mir plädéieren definitiv dofir, dass mer éischter d'Recetten huelen a benotzen, fir an d'Innovatioun ze investéieren an Ziler, a Solutiounen ze investéieren, déi wierklech eng Emissiounsreduktioun bréngen."
De Marché vun der Elektromobilitéit géing sech méi lues entwéckelen. Verschidde politesch Moossname géingen d’Entwécklung bremsen.
"Wat mer en plus elo kënne feststellen ass, dass d'Subsiden erofginn, respektiv ofgebremst ginn. Mir gesinn, dass de Leasing professionell méi onfavorabel gëtt ab dem éischte Januar 2025. Weiderhin och wa vill, och wann an de leschte Jore ganz vill geschitt ass, wat d'Infrastrukturen ubelaangt, mä weiderhin, wa mer vun engem Autospark vun iwwer 50 Prozent Elektroautoe géingen ausgoen, ass d'Infrastruktur weiderhin nach ganz, nach largement ze kleng. An all déi Saache bréngen natierlech dem Consommateur ganz vill Onbehagen, Uncertituden."
Aktuell ginn et 231 Tankstellen zu Lëtzebuerg. An Zukunft wäerten et der warscheinlech e puer manner sinn. D'Betriber hätten hir Aktivitéiten zu engem groussen Deel awer schonn diversifizéiert, duerch d'Butteker an d'Investéieren an alternativ Energien. Et géing een och dovunner ausgoen, datt nach laang mat Diesel a Bensinn wäert gefuer ginn, respektiv mat Alternativen déi och op den Tankstelle verkaf ginn.