Uechter d'Welt ginn ëmmer méi Elektro-Autoe verkaaft

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
Am Laf vum leschte Joer war et e Plus vu ganzer 25 Prozent géintiwwer 2023. Dat geet aus den Zuele vun der brittescher Consulting-Firma Rho Motion ervir.
Rho Motion stellt déi Statistiken all Joer zesummen. 17,1 Millioune E-Autoe goufen ausgeliwwert, méi wéi d'Hallschent dovun a China. Mat 11 Millioune sinn d’Chineese bei wäitem dee gréisste Marché fir d’Elektromobilitéit. Eleng 2024 sinn d’Verkafszuelen ëm 40 Prozent geklommen.
Anescht dogéint gesäit et hei an Europa aus. Do sinn d’Chiffere réckleefeg. An der EU, Groussbritannien, Norwegen, Island an an der Schwäiz goufen zesummegeholl 3 Prozent manner reng E-Ween verkaaft, wéi d’Joer virdrun.
Hei gëtt virun allem op Hybrid-Modeller gesat. An den USA an a Kanada bleiwen d’Zuele marginal, mat 1,8 Milliounen neie E-Autoen - ëmmerhin awer e Plus vun 9 Prozent.