Op engem Deelstéck sinn elo déi 3 Spueren op

© Tom Zeimet
Den éischten ausgebauten Deel vun der Diddelenger Autobunn ass dëse Sonndeg opgaangen.
Den Deel tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz, ronn 3,5 Kilometer, kann elo Dräispuereg befuer ginn.
Eng Woch méi spéit, also den 30. Mäerz, geet dann och de selwechten Deel a Richtung Frankräich op. Déi nei drëtt Spuer ass fir de Covoiturage an den ëffentlechen Transport reservéiert.
Vitesslimitatioune ginn ugepasst
Um neien Deel vum Tronçon dierf een dann awer net méi mat 130 Kilometer an der Stonn fueren. D'Vitess op de ronn 3,5 Kilometer ass op 90 km/h limitéiert . Zu de Spëtzenzäiten, also a Richtung Stad tëscht 6 an 11 Auer an a Richtung Frankräich tëscht 15 an 20 Auer, gëtt d'Vitess awer op alle Spueren op 70 erofgesat.
A Richtung Stad gëtt et nieft der Spuer, déi fir den ëffentlechen Transport an de Covoiturage reservéiert ass, nach eng exklusiv Busspuer. Op dëser ass d'Vitess ëmmer op 70 limitéiert. Eng reng Standspuer fält hei ewech.
Spuer fir Covoiturage: Op d'mannst zwee Leit am Auto
Wien d'Spuer fir de Covoiturage notze wëll, muss op d'mannst eng zweet Persoun am Auto hunn. Wéi et vum Ministère heescht, ginn d'Automobilisten opgeruff, sech un dës Virgaben ze halen. D'Police wäert et reegelméisseg kontrolléieren. Wien eleng am Auto op där Spuer erwëscht gëtt, muss mat enger Strof an Héicht vu 74 Euro rechnen, wéi den Direkter vu Ponts et Chaussées Roland Fox erkläert.
"D’Ministesch huet virdru scho gesot, effektiv dass d’Police am Ufank wäert present sinn. An enger spéiderer Phas wäerten och Kontrollen hei kommen, wou mer iwwer automatesch Systemer detektéieren, wa manner wéi zwee Leit am Auto sinn. An dat Ganzt gëtt dann an dee ganze System vum CSA, Contrôle et Sanctions automatisées, wéi mer et vum Radar kennen, agebonnen."
Wéi geet et weider?
U sech war d'Ouverture fir Enn 2024 geplangt, nodeem de Chantier, dee vill Automobiliste vill Nerve kascht huet, am Januar 2022 opgaangen ass. Et ass jo geplangt, datt déi ganz 13,3 Kilometer vun der Autobunn, déi déi franséisch Grenz mat der Stad verbënnt, an zwee Mol dräi Spuere sollen ausgebaut ginn. Déi komplett Aarbechte sollen 2030 fäerdeg ginn. Dotëscht, Ufank 2026, wäert awer nach eng dynamesch Zouweisung vun der Spuer an eng manuell Geschwindegkeetsmodulatioun a Kraaft trieden.