US-Importtaxen hunn och Repercussiounen zu Lëtzebuerg
Dem President Trump seng Import-Taxe kréien och Betriber hei zu Lëtzebuerg ze spieren.
Méi konkret ass dat de Fall am Secteur vun den Autoszouliwwerer-Firmen, also déi Betriber, déi d’Autosconstructeure mat hire Produite beliwweren. D'Import-Taxe maachen europäesch Autoen an den USA méi deier, wat natierlech op d’Demande dréckt. Ma net nëmmen dat mécht dem Secteur hei zu Lëtzebuerg Suergen.
8.500 Leit schaffen den Ament am Secteur vun den Autoszouliwwerer-Firmen hei zu Lëtzebuerg. Am Ganze sinn an deem Secteur 20 Firmen aktiv, déi all Joers zesummen tëscht annerhallwer an 2 Milliarden Euro Ëmsaz maachen. Wéi wäerte sech déi amerikanesch Import-Taxen op de Secteur hei am Land auswierken? Den Julian Proffitt ass President vun der ILEA, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Auto-Zouliwwerer. Hie schwätzt vu grousse Konsequenzen:
"Déi Auswierkunge si grouss. Also dat ass kloer. Eis Clientë sinn haaptsächlech an Europa, déi sinn och Produzente vun Autoen, déi och an Amerika exportéieren. Insgesamt ginn ongeféier e 6tel, e 5tel vun der gesamt-europäescher Produktioun an Amerika an et ass kloer, dass dat net esou ka weider goen ouni eng Konsequenz hei zu Lëtzebuerg."
Der selwechter Meenung ass och de Paul Schockmel, CEO vun der Firma IEE. Säi Betrib ass zu Iechternach a produzéiert Sensoren a Radaren, wéi zum Beispill de Gurt-Sensor. IEE liwwert weltwäit. Et misst ee sech adaptéieren well den Aschnëtt wier grouss. Allerdéngs ass d’Ëmfeld den Ament ze vill onkloer fir däitlech Aussoen ze maachen, dat well een nach net wéisst, wat genee op een duerkënnt:
"Mir kënne guer net bezifferen, well mer éischtens nach net ganz Kloerheet hunn, wéi déi Tariffer elo ëmgesat ginn am Detail. Wat fir Komponenten an den Autoe vun eise Clientë betraff sinn. An da steet och nach op, wéi eis Clienten dorobber reagéieren. Well si hunn d'Wiel näischt ze maachen, d'Präisser erop ze héijen oder bei eis zréckzekommen a Präisverhandlungen ze maachen, fir déi erofzesetzen."
Et géif ee sech erwaarden, datt de Volume vun der Produktioun géif erofgoen. Mee de Paul Schockmel erkläert och, dass d'Import-Taxen d'USA als Export-Marché fir asiatesch Konstrukteure manner attraktiv maachen an déi sech doduerch méi staark op den europäesche Marché wäerte konzentréieren. Dat setzt och déi europäesch Konstrukteuren enger méi staarker Konkurrenz aus. Op d'Fro hin, ob een d'Produktioun méiglecherweis och an Amerika ausbaut, seet de Paul Schockmel dat heiten:
"Mir denken natierlech driwwer no, mee dat ass vill ze vill fréi. Och am Mee kommen nach néi Nouvellë vu Washington iwwer d’Taxéierung, d’Import-Taxéierung vun Autoskomponenten. Dat heescht, mir mussen do nach ofwaarden. Mat Sécherheet wäerte mer iwwer esou Zenarien nodenke mussen."
De Secteur kuckt natierlech elo och gespaant op déi politesch Reaktioune säitens der EU op d'USA, esou nach emol den ILEA-President Julian Proffitt:
"Mir hunn 8.500 Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg. An dat ass eng vun deene gréisste Suergen: Wat kënne mer maachen, fir déi mëttelfristeg ze halen. Ech si perséinlech géint Géigentariffen, ech fannen dat bréngt eis näischt. Tarifer sinn nie eppes, wat positiv ass."
De Julian Proffitt huet an deem Kader dann och d’Méiglechkeet vum Chômage Partiel genannt.
Et bleift also onkloer, wéi d'Handelsrelatiounen tëscht Europa an den USA weiderginn. E puer europäesch Konstrukteuren hunn dann och schonn annoncéiert, dass si d'Ausliwwerungen an d'USA bis op Weideres stoppen.