Nodeems d'Verschrottungsprime an de meeschten europäeschen Länner ofgelaf ass, ginn och nees manner Autoen verkaaft.

Am August ass d'Demande fir den 5. Mount hannerteneen zeréck gaangen, sou de Verband vun den europäeschen Autoskonstrukteuren. Am August goufen deemno 700.000 Gefierer verkaaft, am Verglach mam Joer virdrun ass dat eng Baisse vu bal 13%.De Marché gëtt awer vun den net europäesche Länner gestäipt, do boomt d'Demande nämlech weider: Speziell a China, Indien, a Japan sinn d'Autoen ëmmer méi gefrot.

Am August wor et an dëse Länner eng Hausse tëscht 21 an 40%.