Medezinesch Noutfäll dacks Grond fir Accidenter vu Senioren
Eng rezent däitsch Etüd vun der Steiger-Stëftung beschäftegt sech mat der Roll vu Senioren am Stroosseverkéier.
An Däitschland gëtt et zënter Joren eng intensiv Diskussioun iwwer d'Sécherheet vu Senioren am Stroosseverkéier. Déi rezent Etüd vun der Steiger-Stëftung weist, dass e groussen Deel vun de schwéieren Accidenter mat eelere Chaufferen net op klassesch "Verkéiersfeeler" zeréckzeféiere sinn, mee dacks op akut medezinesch Noutfäll. Et geet also net nëmmen ëm d'Reaktiounsfäegkeet oder d'Fäegkeet, e Gefier ze bedreiwen, mee och ëm plëtzlech Gesondheetsproblemer, déi beim Fueren optriede kënnen. Kognitiv Defiziter géifen eeler Chauffere meeschtens duerch en ugepasste Fuerverhalen ausgläichen. Medezinesch Tëschefäll, wéi en Häerzinfarkt oder Malaise wieren awer net ëmmer virauszegesinn.
Emotional Debatt an Däitschland
Soll een d'Fuer-Recht am Alter aschränken? Oder ginn aner Altersgruppen net genee esou dacks a schwéier Accidenter verwéckelt? Dat si Froen, déi den Ament diskutéiert ginn. Kloer ass: Seniore sinn net disproportionell d'Ursaach fir Accidenter am Stroosseverkéier. Vill Accidenter entstinn duerch aner Verkéierskonstellatiounen. An eng ganz Partie Seniore wëllen ongär op hire Fürerschäi verzichten, zemools wa si an hirer kierperlecher Mobilitéit bis ageschränkt sinn.
Lëtzebuerg: Wéineg Donnéeën – mee kloer Reegelen
Wéi de Statec, d'Police an de CGDIS op Nofro hin erklären, ginn et keng credibel Donnéeën, déi genee analyséieren, wéi d'Situatioun bei Senioren am Stroosseverkéier hei am Land ass. Et gëtt also schwéier, déi däitsch Erkenntnisser op Lëtzebuerg ze iwwerdroen. Aus wéi enge Grënn, e Chauffer en Accident provozéiert huet, gëtt hei am Land nämlech net systematesch festgehalen.
Et ginn awer allgemeng Zuelen zu der Situatioun am Stroosseverkéier. D'Grafik vun der Sécurité Routière weist, dass am Joer 2024 déi meescht schwéier Accidenter an den Altersgruppen tëscht 18 a 64 Joer registréiert goufen. Besonnesch héich ass d'Zuel bei de Chaufferen tëscht 25 a 34 Joer. Senioren iwwer 75 Joer sinn zwar an de Statistike vertrueden, awer mat enger däitlech méi niddreger Unzuel u schwéieren Accidenter am Verglach zu de mëttleren Altersgruppen.
© Sécurité Routière
A Lëtzebuerg huet, am Géigesaz zu Däitschland, kloer gesetzlech Reegelen, wat Autofueren am Alter ugeet.
De Fürerschäin fir Auto ze fueren, ass bis zum Alter vun 70 Joer normalerweis zéng Joer gülteg. Vun do u gëtt et verkierzt: tëscht 70 an 80 Joer muss de Fürerschäin all fënnef Joer erneiert ginn a vun 80 Joer un all zwee Joer. Zousätzlech ass vu 60 Joer un bei all Erneierung e rezente medezinesche Certificat obligatoresch.
Fir d'Beruffskategorien, wéi Camion oder Bus, gëlle méi kuerz Fristen an dës Chauffere mussen hire Fürerschäin am héijen Alter souguer all Joer erneieren.
Am Géigesaz zu Däitschland schafft Lëtzebuerg a punkto Verkéierssécherheet méi präventiv. Ob et bei de Senioren hei am Land dann awer hannert dem Steier heefeg zu medezineschen Noutfäll kënnt wéi dat an Däitschland de Fall ass, kann een net soen.