Projet wier komplex
Wéini de Contournement ëm Hesper an Alzeng Realitéit gëtt, steet an de Stären
Wéi d’Transportministesch Yuriko Backes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun deene Grénge schreift, kéint si keng Zäitschinn ginn.
De Gesetzprojet wäert och lo net méi virun Enn des Joers fäerdeg sinn, sou wéi et geplangt war. D’Ministesch geet elo dovunner aus, datt den Text réischt Uganks d’nächst Joer wäert kënnen deposéiert ginn. De Projet wier komplex an et misst ee vill technesch an administrativ Aspekter mat fir den Devis a Betruecht zéien, heescht et.
Am meeschte gelies