En Donneschdeg de Moien hate sech nom Tunnel Cents a Richtung Tréier véier Gefierer ze pake kritt, sou datt d'A1 hat musse gespaart ginn.

Spéitstens d'Sortie Sandweiler hat ee mussen een erof, fir d'Deviatioun iwwer de Findel op de Sennengerbierg ze fueren. Entretemps sinn déi zwou Bunnen erëm op fir den Trafic.

Den ACL op d'mannst 8 Kilometer Stau gemellt. Och a Géigerichtung goung et am Beräich vum Accident e gudde Krack méi lues, virun allem well geaaft gouf.

Kuckt hei d'Standbiller vun de Kameraen op der A1: