Charge verluerA7 Richtung Stad huet wéinst Botzaarbechte musse gespaart ginn
En Dënschdeg de Moien hat e Camion op der Héicht vun der Autobunnsopfaart op d'A7, Héicht Schieren, Deeler vu senger Charge verluer.
Verëffentlecht: 13.04.21 09:59, Update: 13.04.21 11:47
Fir d'Streck nees propper ze kréien, huet d'Autobunn musse gespaart ginn an eng Deviatioun goung iwwert Colmer-Bierg. Kuerz no 11 Auer war d'Streck gebotzt an d'Autobunn ass nees fir den Trafic opgaangen.