TramschantierAarbechten op der Paräisser Plaz 4 Méint éischter, wéi geplangt, fäerdeg

RTL Lëtzebuerg
Geet alles esou weider, wéi aktuell, ass ronderëm d'Paräisser Plaz alles fir den 23. Juni fäerdeg.
© Luxtram

Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch e Méindeg de Mëtteg am Gemengerot präziséiert. Et géif fläisseg um Tramschantier geschafft ginn, huet d’Lydie Polfer betount. D’Vëlospiste laanscht den Tracé vum Tram gëtt iwwerdeems virun der Ouschtervakanz ageweit a féiert da vun der Place de Metz bis erof op d’Paräisser Plaz.

Um Méindeg goufen dann och a Präsens vun ënner anerem dem Mobilitéitsminister François Bausch an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer esou wéi och déi Responsabel vu Luxtram déi éischt Beem op der Paräisser Plaz geplanzt. Dës “plantus hispanica ‘huissen” sinn 20 Joer al, tëscht 10 an 12 Meter héich a kommen aus Holland. 18 där Beem ginn hei ageplanzt.

Beem geplanzt op der Paräisser Plaz
Dës “plantus hispanica ‘huissen” sinn 20 Joer al, tëscht 10 an 12 Meter héich a kommen aus Holland. 18 där Beem ginn hei ageplanzt.

© Luxtram

PDF: De Pressecommuniqué vu Luxtram

Back to Top
CIM LOGO