Trafic-InfoAccident op der A1 hat fir deels massive Stau gesuergt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie gouf et op der Tréierer A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz en Accident mat méi Gefierer.
© Mobile-Reporter

Geschitt ass den Accident tëscht de Opfaart Kierchbierg an dem Tunnel Cents. D’Iwwerhuelspuer war blockéiert.

Konsequenz vun dësem Tëschefall ware 6 Kilometer Stau op der A1 a 5 Kilometer Stau op der A7, esou de Cita.

Kuerz no 9 Auer war den Accident geraumt an de Stau huet sech lues a lues opgeléist.

Back to Top
CIM LOGO