
D’Iwwerhuelspuer war blockéiert an et ass schlecht laanscht gaangen. Géint 8 Auer war de Stau scho 14 Kilometer laang.

Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, ware 5 Autoen an den Accident involvéiert. 2 Persoune goufe blesséiert.
Op der Plaz waren d’Ambulanze vu Mäertert a Jonglënster, grad ewéi d’Pompjeeë vu Fluessweiler.