TraficAccident op der A7 Richtung Stad

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg koum et op der A7 virum Mierscher Tunnel a Richtung Stad zu engem Accident tëscht Camion an Auto.
© RTL Mobile Reporter

Den Accident war géint 16.20 Auer. D’Ponts et Chaussées haten eng Spur gespaart, wärend den Auto an de Camion op der Pannespur stoungen.

Et goung deementspriechend e bësse méi lues op där Plaz.

Kuerz virdru war schonn en Accident op der A7 a Richtung Norden, dëst am Tunnel Stafelter. Deen Accident huet fir massive Stau gesuergt, deen och bis op d’A1 zeréckgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO