Telefonéieren, Messagë schreiwen, am Internet surfen an dat hannert dem Volant. Fir eng ganz Rëtsch Chauffere ass dat normal ginn. Mat engem neie Gesetz gëtt duerchgegraff an d’Strofe ginn däitlech verschäerft. Eng Mesure déi den Automobilclub begréisst.
De Smartphone ass eng kloer Source fir Accidenter, seet de Frank Maas vum ACL-Diagnostic Center. Déi nei Mesure soll ofschrecken. D’Sanktioun ass dat eent, d’Sensibiliséierung dat anert.
“Lëtzebuerg huet sech bei de Sanktiounen eisen Nopeschlänner ugepasst. Fir den ACL wier awer d’Sensibiliséierung ganz wichteg. Den Automobilist soll verstoen, wat d’Gefore sinn a wat dëst Verhale fir Konsequenze kann hunn.”
Generell gesi géing den Automobilclub reegelméisseg versichen, op verschidden Thematiken a punkto Verkéierssécherheet opmierksam ze maachen, sou de Frank Maas.
Datt d’Kontroll beim Smartphone net evident ass, dees ass een sech beim ACL bewosst.
“Am Ausland gëtt et Radaren, déi dat kontrolléieren. Vu datt dat hei net de Fall ass gëtt den Opwand méi grouss. Et wäert schwéier ginn, verschidde Verstéiss ze beweisen.”
Verschidde Leit stellen sech och d’Fro, wéini e Parkmanöver ufänkt a wat genee d’Voie publique ass.
Well eng Rei Detailfroe bleiwen gëtt et och e Gespréich tëscht Automobilclub a Ministère.
Fir den ACL ass op alle Fall kloer, datt ee wärend dem Fueren am Beschten einfach guer keng Aktivitéite mécht, déi oflenken. Dat gëllt och fir déi Infotainmentméiglechkeeten, déi de System vum Auto proposéiert
“D’Autoe si mat Multimediasystemer equipéiert an et ass een invitéiert, déi wärend der Faart ze benotzen. Et ass just dat, wat een net soll maachen. Et soll een den Navi oder aner Virriichtunge virun der Faart astellen.”Wie jo an Zukunft mat engem Apparat mat Ecran hannert dem Steier erwëscht gëtt, muss 250 Euro bezuelen a kritt 4 Punkten um Permis ewech geholl.
Ännerungen am Code de Route (1): Wat ännert beim Gebrauch vum Smartphone um Steier?