
An deem Kontext huet den europäesche Loftfaart-Konzern Airbus wëlles, dass am Joer 2035 den “éischten, emissiounsfräie Passagéierfliger” soll a Betrib goen. Dat huet de Konzern-Chef Guillaume Faury der franséischer Dageszeitung “Le Parisien - Aujourd’hui en France” matgedeelt. Op hirer Internetsäit huet Airbus dräi konzeptuell Entwërf presentéiert.
Oppe fir ëmweltfrëndlech Neierungen an der Mobilitéit huet sech och déi franséisch Regierung gewisen. Ugangs September hat de franséische Wirtschafts- a Finanzminister Bruno Le Maire wësse gedoen, dass ee wéilt 7 Milliarden Euro an d’Waasserstoff-Technik investéieren. Infrastrukturen op Fluchhäfen, fir Waasserstoff ze tanken an ze transportéieren, ginn hei zum Beispill gebraucht. No der Ukënnegung vum Airbus-Konzern huet de President Emmanuel Macron op Twitter gepost: “Frankräich, d’Land vun der Innovatioun!”
Als klimafrëndlech gëllt dës Technologie awer just, wa keng oder minimal Zäregas-Emissioune bei der Trennung vu Waasser a Waasser- a Sauerstoff produzéiert ginn.