Etüd vun der IEAAll 5. Auto, dee weltwäit verkaf gëtt, fiert mat Stroum

RTL Lëtzebuerg
Déi International Energieagence IEA mellt en neie Rekord, wat d'Vente vun den Elektroautoen ugeet.
© ROB ENGELAAR / ANP MAG / ANP via AFP

Dëst Joer solle weltwäit 14 Milliounen dëser Gefierer verkaf ginn. Dat ass eng Hausse vu 35 % géigeniwwer zejoert. An der Moyenne ass all 5. Auto, deen aktuell op der Welt verkaf gëtt, en E-Auto.

Bis 2030 sollen a China, Europa an an den USA d’Elektroautoe 60% vun allen Autoen ausmaachen. D’E-Mobilitéit soll esou bis 2030 e Verbrauch vun op d’mannst 5 Millioune Barrel Pëtrol pro Dag evitéieren.
No den Autoen sollen och ëmmer méi elektresch Bussen a Camionen op de Marché kommen.

Back to Top
CIM LOGO