Käschtepunkt bei 99 Milliounen EuroAm Hierscht 2024 soll den Tram am 6-Minutten-Takt bis op de Findel fueren

Jean-Marc Sturm
Christophe Hochard
E Freideg an der Mëttesstonn gouf et Detailer, wéi et mam Tram um Kierchbierg weidergeet mat der Verbindung op de Findel.
Am Hierscht 2024 rullt den Tram bis op de Findel
E Freideg an der Mëttesstonn gouf et Detailer, wéi et mam Tram um Kierchbierg weider geet mat der Verbindung op de Findel.

Am Mëttelpunkt steet do eng Bréck.

Mam Tram vum Kierchbierg op de Findel / Reportage Jean-Marc Sturm

Dës Bréck iwwert d’A1 huet 110 Meter Längt, 10 Meter Breet an ass ronn 9 Meter héich. De Käschtepunkt fir déi 3,9 Kilometer laang Streck: 99 Milliounen Euro. Eng Streck, op där den Tram mat bis zu 70 Kilometer d’Stonn ka fueren.

D’Aarbechten tëscht der Luxexpo an dem Findel via de Sennengerbierg dierften an engem Joer fäerdeg sinn. Da wäert och de grousse Businesszenter um Findel prett sinn.

Et geet an éischter Phas Enn Hierscht 2024 am 6-Minutten-Takt an et ginn dofir weider 5 nei Ramme kaaft.

Wichteg ass ee Pôle d’échange um Sennengerbierg, fir den Oste vum Land op den Tram ze kréien an domadder de Stroossentrafic ze entlaaschten, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.

Weider Etappe vum Tram sinn nei Stater Quartieren um Kierchbierg beim RTL-Gebai, respektiv dem Boulevard Adenauer oder nach d’Streck vun der Gare iwwer Hollerech op de Bouillon.

A Saachen Tram an ëffentlechen Transport war et d’Nouvelle, dass am September d’Finanzéierungsgesetz an Héicht vun 1,4 Milliarden Euro deposéiert gëtt, fir den Ëm-an Ausbau vun der Escher Autobunn fir de séieren Tram bis op de Belval.

© Luxtram

PDF: Schreiwes vu Luxtram

Back to Top
CIM LOGO