
Am Pandemiejoer 2020 goufen et 22 Prozent manner Accidenter mat Blesséierte wéi dat Joer virdrun. Och den Undeel vu schwéier Blesséierten ass erofgaangen, allerdéngs sinn 2020 4 Leit méi op eise Stroosse gestuerwen, wéi 2019, am Ganze 26. Déi Zuelen huet de Mobilitéitsminister François Bausch um Dënschdeg de Moie presentéiert.

De Lockdown hätt kee sou groussen Impakt gehat, ënnert anerem, well Mäerz an Abrëll allgemeng manner Accidenter géife geschéien, wéi zu aneren Zäiten am Joer. Iwwert d’Hallschent vun den Doudegen am Stroosseverkéier ware sougenannte vulnerabel Usageren, dat heescht Foussgänger, Cyclisten a Motocyclisten, esou de François Bausch.

“Et gëtt eng Kategorie, leider, wou schwéier Accidenter zougeholl hunn, dat ass de Vëlo. D’lescht Joer ass vill méi Vëlo gefuer ginn, wat eng gutt Saach ass, soen ech als Minister, mä wa méi gefuer gëtt, ass natierlech de Risiko méi grouss vun Accidenter, an dat erkläert och, datt mer elo amgaange sinn ze sensibiliséieren. D’Police ass amgaange mat enger Campagne a mir als Ministère hunn och den Ament eng lafen, fir ronderëm de Vëlo ze sensibiliséieren, ech mengen, datt dat absolut noutwenneg ass.”
Haaptursaach fir Accidenter mat Schwéierblesséierten oder Doudege bleift allgemeng eng ze héich Vitess, mat Tendenz awer no ënnen. 2. Ursaach si Feeler hannert dem Steier, déi zouhuelen.
“Et ass zwar e konstanten Trend no ënnen, wat gutt ass an zefriddestellend ass an do bleiwen ech dobäi, sou gutt der Police hir Kontrollen, wéi och d’Radaren hunn immens vill dozou bäigedroen, datt deen Trend do erofgaangen ass, dat iwwerrascht mech elo iwwerhaapt net, dat iwwerrascht vläicht déi, déi, wéi ech d’Radaren agefouert hunn, net midd gi sinn, op de soziale Medien Allméigleches ze posten”, sot de Mobilitéitsminister.
D’Feeler beim Fueren hunn an de leschte Joren zougeholl a si mëttlerweil déi zweetheefegst Ursaach fir Accidenter. Dacks wier et e Problem, datt d’Leit beim Fueren ofgelenkt sinn, duerch den Handy oder och duerch de Computer vum Auto selwer, esou de Minister.
“Ech hoffen och do, mat der Sproocherkennung, well et kann ee jo ëmmer méi dem Auto soen, wat e soll maachen, maach mer d’Heizung un, oder wat weess ech, dat fonctionéiert jo ëmmer besser, dat ass eng gutt Saach, ech hoffen, dass d’Sproocherkennung sech ganz rapid ganz staark verbessert, well dat hëlleft eis, datt d’Leit manner ofgelenkt sinn, fir da vir op engem Touchscreen do ronderëm ze fummele wärend dem Fueren.”
