
De Rout-Luuchte-Radar op der Stäreplaz huet a senger Testphas schonn iwwer 10.000 Mol Gefierer geblëtzt, déi duerch rout gefuer, respektiv ze séier ënnerwee waren. Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
Wärend dëser Testphas ginn d’Fotoen no 5 Deeg automatesch geläscht.