No Fielsrutsch tëscht Ierpeldeng a MéchelaAn nächster Phas ginn 2.000 m3 Steng ewechgeholl a Sécherheetsnetzer gefléckt
Déi ca. 1.400 Chauffer, déi d'N27 tëscht Ierpeldeng an der Buerschter Millen all Dag huelen, wësse vum Chantier laanscht en ale Steebroch e Lidd ze sangen.
Quasi a reegelméissegen Ofstänn rëtschen do Steng an d'Strooss, fir d'lescht nach Enn Abrëll.
Doduerch goufen d'Sécherheetsnetzer schro beschiedegt, sou datt opwänneg Aarbechten un der Fielsmauer néideg waren: Am Asaz waren ënnert anerem en Helikopter, aus deem Waasser erofgeschott gouf, fir weider lasse Fielsstécker aus der Mauer ze léisen an Alpinisten, déi d'Fielse manuell gebotzt hunn.
An enger weiderer Phas ginn an e puer Wochen eng 2.000 Meterkibb Steng ewechgeholl an d'Sécherheetsnetzer gi gefléckt an ersat. Aktuell ass och e Stéck Strooss tëscht Méchela an Ierpeldeng gespaart, dat awer bedéngt duerch e Chantier zu Méchela selwer.
D’Informatiounen liwwert d’Mobilitéitsministesch Backes op eng parlamentaresch Fro vum DP-Norddeputéierten André Bauler.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
RTL-News (25.4.25): Wéinst engem Fielsrutsch: Strooss tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer bis op Weideres gespaart