"Mobilitéitsplang vu muer"Aus Carloh gëtt Flex

RTL Lëtzebuerg
De Carsharing soll hei am Land weider entwéckelt ginn. An deem Sënn hu sech d'Stad Lëtzebuerg an CFL Mobility SA zesummegedoen.
© Domingos Oliveira / RTL

Fir de “Mobilitéitsplang vu muer” ëmzesetzen, huet een decidéiert, d’Carsharing-Offer nohalteg auszebauen. Vum 25. Dezember u soll aus dem Carsharing-Service Carloh, dee just vun der Stad Lëtzebuerg offréiert gëtt, progressiv an déi national Flex-Offer vun CFL Mobility S.A. integréiert ginn. Domat wëll een dës Offer an der Stad verbesseren a méi attraktiv fir d’Clientë maachen.

De ganzen Dezember iwwer funktionéiere béid Servicer nach parallel a vum 1. Januar 2026 u gëtt et da just nach de Service Flex. Alles an allem ginn et dann an der Stad Lëtzebuerg 27 Statioune mat 72 Gefierer, op déi ee kann zeréckgräifen.

Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO