Déi 6 Woche Faaschtenzäit virun Ouschtere wieren nach emol eng extra Motivatioun, fir den Auto bewosst stoen ze loossen an och d’Famill vun der doucer Mobilitéit ze iwwerzeegen.
Bis haut hu sech 160 Leit ugemellt, fir bei der Autofaaschten-Editioun 2019 matzemaachen. Zënter 2005 variéiert d’Zuel vun de Participanten hei am Land tëscht 120 an 220.
De Coordinateure vum Autofaaschten hei am Land geet et manner ëm d’Unzuel vun Aschreiwungen, mee éischter ëm d’Sensibilisatioun an dass an der Ëffentlechkeet d’Virdeeler vum Autoverzicht erkannt ginn, och wa Lëtzebuerg nach net op allen Niveauen ideal opgestallt wier.
Verschidde Leit géifen no der Faaschtenzäit awer feststellen, dass d’Alternativen zum Auto fir si nach net permanent a Fro géife kommen.