Fedamo deelt matAutofestival 2021 ass vum 25. Januar bis den 8. Februar

RTL Lëtzebuerg
D'ekonomesch Konsequenze am état de crise hu sech op komplett verschidden Domänen ausgewierkt, dorënner och de Reseau vu Garagen an Autosdistributeuren.

Dës Händler reagéieren op hir Manéier a verlängeren d’Dauer vum Autofestival d’nächst Joer: dee Festival dauert dann zwou Wochen a leeft tëscht dem 25. Januar an dem 8. Februar 2021.

Den Autofestival soll also net vun der Corona-Kris impaktéiert ginn, dat huet de Comité vun der Fedamo decidéiert.

Mam verlängerte Festival wëllen d’Garagisten de Flux vun de potentielle Keefer an de Show-Rooms besser geréieren, heescht et.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Fedamo

Back to Top
CIM LOGO