Automag - Den DossierAutofestival 2026 op RTL.lu

Paul Origer
Et ass nees Autofestival zu Lëtzebuerg. A wat wier dës besonnesch Zäit ouni eise Festivalsdossier!
© RTL

Scho jorelaang ass dësen Online Special op auto.rtl.lu eng Traditioun an eng gutt Zäit dovunner këmmert sech de Paul Origer dorëms. Wat dir an eisem Festivalsdossier fannt an op wat ee sech dierf déi nächst Deeg freeën, dat seet en eis elo selwer.

Automag: Den Dossier fir den Autofestival 2026

Paul, de Festivalsdossier ass souzesoen de richtege Guide fir den Autosfan!

Genee, ech ginn dacks genuch gefrot: “wat soll ech mer dann dëst Joer ukucke goen?” An do maache ech mer et einfach a schécken d’Leit op eise Site. Well hei gëtt et genee dat wat ee brauch: eng Iwwersiicht vun de Modeller, déi zënter dem Festival 2025 nei virgestallt goufen a virun allem d’Info, ob déi Autoen och bei eis ze gesi sinn. Well wéi mer wëssen, ass virum Autosfestival de Bréisseler Autosalon, an do sinn nawell ëmmer vill Premièren dobäi, déi et eventuell duerno och bis bei eis packen.

Ma da verrot eis emol ob een sech op déi eng oder aner Première scho freeën dierf!

Dat kann een, an zwar sinn dat der scho relativ vill. Zum Beispill den neie BMW iX3, e wichtege Modell fir d’Bayern, well se mam mëttelgrousse SUV hir nei Designlinn “Neue Klasse” alauden. Sprange mer bei eng vun de chineeseschen Autosmarken, da kënnt nach quasi waarm vu Bréissel den neie Kompakt-SUV MG S6 bei eis, fir zesumme mam klenge Brudder S5 Première ze feieren. Fir bei den Elektro-SUV ze bleiwen; eng Zwillingskoppel vun Toyota a Suzuki, nämlech den Urban Cruiser an den e-Vitara kommen och op direktem Wee vum Nopeschland bis op Lëtzebuerg.

Dat si jo schonn e puer Beispiller – dierfe mer dann och mat e puer besonneschen Exponater rechnen?

Och dat wäert de Fall sinn. Spannend bleift et bei Kia, wou nach net confirméiert ass, dat eventuell den neie klengen Elektroflitzer EV2 zu Bartreng ausgestallt gëtt. Sécher ze gesinn an zoufälleg an der selwechter Klass ënnerwee ass awer dogéint de Cupra Raval, deen, als getarnte Prototyp tëscht Bäreldeng, dem Rouscht an Esch eng Tournée mécht.

Wat sinn dann allgemeng fir Nouvelle fir de Festival geplangt?

Ma ech géing soen, et ass staark gemëscht. Op d’mannst een Drëttel vun de Marken huet net onbedéngt eppes Neies opweises, oder héchstens ee liichte Facelift oder eng Serie Speciale. Anerersäits kommen awer vill nei a wichteg Modeller, wéi de Renault Clio, de VW T-Roc, oder bei Mercedes direkt CLA, GLC a GLB. E richtegt Feierwierk zünt dëst Joer Kia. 8 nei Modeller gi bei de Koreaner am Showroom erwaart.

Da verrot eis dann nach – wou steet däi Coup de Coeur fir dëst Joer?

Een, dee mech kennt, dee weess, dass ech mer sécher deen neien Honda Prelude ukucke ginn. An enger Welt, wou et leider och vill emotiounslos Autoe ginn, ass dat dach eng wëllkomm Ofwiesslung. Gefreet hätt ech mech op deen neie Lexus ES, mee deen ass leider nach net do. Vläicht trauen ech mech awer och nach bei Aston Martin, Bentley oder Ferrari eran; Valhalla, Supersports oder den 849 Testarossa kënnen dann déi nächst Nuecht fir wëll Dreem suergen.

Back to Top
CIM LOGO