D’Mouke mussen dobäi dacks iwwert eng Strooss fir bei d’Gewässer. Vill packen et net, fir lieweg unzekommen.
Wa verschidde meteologesch Faktore stëmmen, maache Si sech meeschtens op de Wee. Dann heescht et virun allem fir d’Automobilisten oppassen.
Zu Huelmes am Bësch ass eng Plaz, wou d’Mouken sech all Joer opmaachen, fir eriwwer bei de Mouer ze kommen. Aus ville Grënn setzt sech d’Nadine Sulzenbacher zanter Joren, zesumme mat aneren an, fir den Déieren bei dëser geféierlecher Aktioun ze hëllefen.

D’Ponts et Chaussées bedeelegt sech och, andeems all Moien an Owend Schëlder opgestallt ginn, déi drop hiweisen, datt et verbueden ass, wärend gewëssenen Auerzäit do duerchzefueren. Et ginn der awer och ëmmer, déi sech net drun halen.
An obwuel schonn investéiert gouf, a Gitteren mat Grief gebaut goufen, déi de Mouken de Wee uginn andeems se duerch Tunnellen guidéiert ginn, fënnt net all Mouk dohinner, fir Déierefrënn net ganz flott ze gesinn.

Als Benevol all Moien an all Owend wärend e puer Wochen disponibel sinn, den Déieren zur Léift, ass et wuel dat mannst, datt dat och vun den Automobiliste respektéiert gëtt.