
Si verkafen am Joer eng 8.000 Neiween vun 13 verschiddene Marken.
Alcopa trennt sech no an no vu senge Concessiounen a wëllt sech op den Import vun neien Autoe konzentréieren. Esou huet Alcopa net nëmmen Autopolis, mä och säi belsche Fidenco-Réseau u Van Mossel verkaaft.
Virausgesat déi belsch Autoritéiten geneemegen dës Transaktiounen, entsteet esou dee gréisste Réseau vun Auto-Concessiounen am Benelux.
Virun zwee Joer gouf et schonn emol Rumeuren, dass Autopolis u Van Mossel verkaaft sollt ginn, mä deemools sinn d’Verhandlungen wuel am Sand verlaf.