A knapp enger Woch fänkt den Autosfestival un, mir hunn eis ugekuckt wat sech laut Koalitiounsaccord an den nächste Joren ännere kéint.

Primm fir Elektro-Gefierer
An der zoustänneger Chamberkommissioun sot de Minister der Presse et géif een Dag a Nuecht dru schafen, nach wärend dem Autosfestival eng Primm ze lancéieren. Detailer si keng bekannt.

Diesel-Verbuet
Vum Dieselverbuet geet kloer net riets, ma op d’Decisiounen am Ausland huet ee vu Lëtzebuerg aus wéineg Méiglechkeeten Afloss ze huelen.

Steieren op Pëtrolspräisser
Wat Bensins- an Dieselgefierer ugeet, wëll ee laut Koalitiounsprogramm dëst Joer nach d’Besteierung um Pëtrol upassen, fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes ze erreechen, riets geet vun e puer Cent.
RTL-Artikel: Fusioun tëscht Adal a Fegarlux: Nei Fedamo organiséiert Autofestival 2019