Wann een op der A1 Richtung Tréier wollt fueren, huet een um Freideg de Moie vill Gedold mussen hunn. Am Trafic-Info war scho géint 5 Auer rieds vun enger “Urgence” op der A1 virun der Sortie Hamm, an dass dowéinst déi riets Spuer gespaart wier. Spéider si mer gewuer ginn, dass e Lach an der Strooss den Ausléiser vum Problem war. Déi aktuell Wiederkonditiounen hätten et awer net erméiglecht gehat, d’Lach direkt ze flécken.
Doduerch koum et am Moiestrafic zu massivem Réckstau bis op d’Gaasperecher Kräiz, respektiv 12 Kilometer bis op d’A3. Am Laf vum Moien hat sech d’Situatioun zwar berouegt, eng Spuer ass do awer ëmmer nach gespaart.