Äntwert op parlamentaresch FroBis ewell kee Cluster am ëffentlechen Transport

RTL Lëtzebuerg
De Sven Clement huet sech an enger parlamentarescher Fro ëm Contact Tracing a Bus an Zich un d'Santés- an den Transportzminister geriicht.

Bis ewell gouf et kee Cluster am ëffentlechen Transport, dat äntweren d’Paulette Lenert an de François Bausch dem Piraten-Deputéierte Sven Clement op eng parlamentaresch Fro. Beim Contact Tracing géingen déi Infizéiert och gefrot ginn, wéi a wéini den ëffentlechen Transport benotzt gouf.

Eng Infektioun am Transport public kéint natierlech ni ausgeschloss ginn, schreiwen d’Ministeren, ma et wiere bis ewell keng gréisser Problemer ginn, déi wieren opgefall.

PDF: D'parlamentaresch Fro an d'Äntwert noliesen.

Back to Top
CIM LOGO